Eis pasteuriséiert Vollmëllech kritt een an 1 Liter Tetrapack oder an engem 10 Liter Schlauch.

 

Schmaacht dësen vollen Gout vun der Mëllech, dei op 75 Grad erhëtzt gin as.

Sie huet een natirlechen Fettgehalt vun opmannst 3,5% Fett, sou wéi d'Kou se gëtt.

D'Mëllech gëtt och homogeniséiert, dat heescht dass d'Fettmolekülen vun der Mëllech zerspleckt gin. Sou setzt d'Fett sech no 3 Deeg net uewen op der Mëllech oof, mee sie bleiwt homogen an der Mëllech verdeelt.

Desweideren kritt een och eis deelentraamten Mëllech mat engem Fettgehalt vun 1,5 % Fett

 

D'Mëllech gett selwecht behandelt wéi d'Vollmëllech, just d'Fett gëtt bis op 1,5 % erausgeholl.

 

Duerch dei schounend Behandlung bleiwt den gudden Geschmaach an dei gesond Nährstoffer erhaalen

Frësch Schokelasmëllech  3,5 % Fett mat Fairtrade Kakao an Rouerzocker an ouni Zousätz.

 

Schokelasmëllech as an 500 ml Verpackungen angepack. ( Kann een och am 10 Liter Emer kreien )

 

 

 

 

 

 

 

Glacen an 8 verschidden Zorten

130ml, 480ml an 1 Liter

5 Liter just fir Maison relais oder aner Kichen

 

Mär produzéieren eis eegen Glace mat eiser gudder Mëllech.

Dës Glace gëtt mat min. 70% vun eiser Mëllech gemach an soss kommen nëmmen natiirlech Inhaltsstoffer (keng Geschmacksverstärker, keng Faarfstoffer an keng friem Fetter) dran.

 

Eis Schokela, Bananen an Mokka's-Glacen sin Fair Trade.

 

Eis Zorten sin:

  • Vanill
  • Banane
  • Schokela
  • Aerdbier
  • Joghurt-Mango
  • Mokka
  • Nougat
  • Pistache

 

Natur an Friichte Joghurt

 

Den Friichtejoghurt gett et am 100g fir Maison Relais'en ( oder am 5 kg Emer ) an am 150g fir Geschäfter.

 

Den Naturjoghurt gett et am 100g, 500g an 5kg fir Maison Relais'en an fir d'Geschäfter gett et en am 150g an 500g

 

Och bei Joghurt verzichten mär op  Zousätz wei Faarwstoffer, Konserveierungsstoffer an soss künstlech Aromen, ganz nom Motto: een natierlech Joghurt wei fréier

 

 

 

 

 

Pudding 150g am Schokela

Pudding 150g am Vanill

   OGM