Molkerei


2013 hun mir eis kleng Molkerei opgemach.

Eist Ziel ass et, dass dir eist Produkt

esou natierlech an frësch wei méiglech kritt. Dofir gëtt eis Mëllech nëmmen pasteuriséiert an homogeniséiert. Dat heescht , si gëtt no der traditioneller Manéier kuerz op 75°C erhëtzt , an dann homogeniséiert. Dat ganzt gëtt an eiser eegener Molkerei um Haff, déi vun den ëffentlechen Instanzen kontrolléiert

gëtt, gemaach. Ganz wichteg ass dass eis Mëllech weder zentrifugeiert nach standardiséiert gëtt. Dat heescht dass den natierlechen Fettgehalt an domat den Geschmaach an d' Inhaltstoffer erhalen bleiwen. D’ Mëllech behält hier Bekëmmlechkeet an ass 11 Deeg haltbar.

Duerch den schounenden Ëmgäng ass et eng Mëllech wéi Freier.

  • 24 Stonnen Freschheetgarantie: Haut gestrach, muer bei ärch um Dësch
  • Nohaltegkeet , eng aartgerecht Deierenhaltung an eegenen Fudderunbau
  • Direkt, schounend Weiderveraarbeschtung vun der Mëllech
  • Produktioun an der hauseegener Molkerei
  • Kleng Transportweeër, also schounend fir Ëmwelt
  • Eis Kei gin gentechnesch frei gefiddert (Zertifizeiert)
  • Deieren stin op 1.Platz
  • E klenge familiären Bauerenbetrib
  • op 2 % vun eiser Betriebsfläch stin Hecken an Beem
  • 5 % vun eiser Fläch sinn an Biodiversitéitsprogrammer
  • Vun Abrëll bis Oktober gin eis Kei Daach an Nuecht op d' Wissen beim Haff
  • ouni Zousätz

 


Et ass eis Leidenschaft gudd Mëllech ze produzeieren.... Schmaacht des Leidenschaft!

   OGM