Eisen Haff

Mir wëllen eis kuerz virstellen:

 

Mir sinn d’ Famill Thiry vun Schuller an mir hunn een Mëllechkéi-an Maaschtbetrib, Pouletmaascht an eng kleng Molkerei, wou mär eis Mellech weider verschaffen.

Eis Rass vun den Kei as Fleckveih.

Firwat Fleckveih? Et as eng vun den robustesten Mëllechkéirassen, déi bekannt ass fir eng héichwertëg Qualitéitsmëllech. Des Mëllech, déi mir straichen, kënnt op direktem Wee vun eisem Kéistall an eis Molkerei.

Tëschent Kou an Geschäft leien nëmmen 24 Stonnen.

 

Bei eis um Haff schaffen 8 Leit, do derbei ass dei ganz Famill.

Deieren stin bei eis un éischter Platz. Mär leeën groussen Wert op en optimalen Kéikomfort an eng individuell Deirenbetreiung. Am hellen Stall kennen sech eis 70 Mëllechkéi am Wanter frei bewegen. Am Summer weeden se natierlech op den Wisen ronderëm eisen Haff. Vun Abrëll bis Oktober produzéieren eis Mëllechkéi dann Mëllech aus frëschem Gras.

Gentechnik huet no eiser Iwwerzeegung näischt an Liewensmëttel verluer. Dofir ginn eis Kéi nëmmen gentechnesch frei gefiddert. Dat meescht Fudder gëtt bei eis um Betrib

produzéiert an verfiddert. Doduerch ass d' Qualitéit vun eiser Mëllech séchergestallt

an et ginn keng laang Transportweeër.

 

Gudd, heichwertëgt Fudder an gesond Kéi sin d' Viraussetzungen fir Qualiteit an Nährstoffgehalt vun der Mëllech. Eis Kéi gin vun engem Roboter gestrach, ganz ouni Stress. Sie kennen selwer entscheeden, weini sie wellen gestrach gin. Duerch wegfaalen vum straichen, bleiwt eis mei Zeit, eis em d'Gesondheet vun den Kéi ze këmmeren. No dem Straichen kënnt eis Mëllech direkt an een groussen Mëllechtank niewt eisem Melkstand, wou sie dann op 4 Grad eroofgekillt gett. Hei steht se dann prett, fir kënnen an der Molkerei verschafft ze gin.

 

Niewt eisen Kéi hun mir och nach Stéieren. Eis kleng männlech Fleckveih zéien mir um Haff op. Dat heescht och dei männlech Kalwer hun eng Zukunft bei eis an gin net wei üblech no 14 Deeg vum Haff

 

Och Nohaltegkeet steht bei eis grouss, dofir hun mär och eng Photovoltaikanlag op eisen Gebeier

   OGM